Den Alessandro Ghiretti, de Robert de Haan an de Flynt Schuring haten allen 3 nach d'Méiglechkeet bei der leschter Manche vum Supercup Champion ze ginn.

No der Qualifikatioun ass de Matchball un de Ghiretti gaangen: De Leader am Klassement, mat 9 Punkten Avance op den de Haan, ass als zweeten an d’Course gaangen, an déi zwee aner Protagoniste just vun der zéngter a siechzéngter Positioun. 
 
De Start war un Drama net ze schloen. De Walter Boerkamps setzt sech beim Ubremsen an déi éischt Kéier un d’Spëtzt, an dat kuerz nodeems de Mann vun der Pole, de Marvin Klein esou wéi den Dirk Shouten hiren 911 scho virum Start rulle gelooss hunn. An engem normalen Zenario wier dëst bestrooft ginn.
 
Well déi éischt Ronn awer duerch e roude Fändel ënnerbrach gouf, gouf no de Reegelen déi initial Startrei erëm applizéiert an de Fréistart vu Klein a Schouten net a Consideratioun geholl. De Boerkamps huet no sengem staarke Start nees missen hannert de Ghiretti an de Klein. 
 
Hie wollt sech sengem Schicksal awer net einfach erginn an huet nom Restart extreem Drock op de Ghiretti a Klein gemaach a sech mat Succès schonn nees no zwou Ronnen un d’Spëtzt gesat.
 
Och wann de Ghiretti de Championstitel mat dësem Resultat scho sécher an der Täsch gehat hätt, huet de Fransous scho vun Ufank u kloer gemaach, datt hie säi Succès aus dem leschte Joer wollt widderhuelen an dës Course zu Monza wollt wannen. 
 
Den Drock war generell am ganze Feld ze spieren: Eng Sortie no der anerer a Boliden déi sech konstant géigesäiteg beréiert hunn.  D’Direction de Course wousst net wéi eng Situatiounen se sech sollte fir d’éischt ukucken. 
 
Den de Haan an de Flynt Schuring hu sech no vir gekämpft mee et sollt net méi duergoen. 
 
Mat dësem Resultat séchert sech de Porsche Junior Alessandro Ghiretti de Championstittel vum Porsche Supercup 2025 a fir de Wouter Boerkamps, dee virdrun net eng Kéier iwwerhaapt um Podium Stoung, ass et déi éischte Victoire vum Supercup.