Duebelvictoire fir d'Marquez-Bridder zu Barcelona

© AFP
Den Enea Bastianini huet de Podium zu Barcelona komplettéiert.
Den Alex Marquez (Gresini-Ducati) huet säi Brudder Marc (Ducati) e Sonndeg beim Grousse Präis vu Katalounien zu Barcelona hannert sech gehalen an ass eng souverän Victoire an der MotoGP erausgefuer. Hien huet domadder d'Serie vu 15 Victoiren noenee vu sengem méi ale Brudder gestoppt. Den Enea Bastianini (Tech3) (+5,562 Sekonnen) huet de Podium komplettéiert.
De Succès vum 29 Joer alen Alex Marquez op senger Heemstreck bedeit, datt de Marc Marquez, deen um Sonndeg 1,740 Sekonne Retard hat, säi siwente Weltmeeschtertitel d'nächst Woch zu Misano nach net kloer maache kann.
Am WM-Klassement féiert den Ducati-Pilot Marc Marquez mat 487 Punkten, wärenddeem den Alex no sengem zweete Succès a senger Karriär an dem zweeten an dëser Saison 182 Punkten hannert dem Leader läit. Drëtten ass de Francesco Bagnaia mat engem Retard vun 250 Punkten. Hien ass e Sonndeg dee 7. ginn.
Schonn e Samschdeg hat sech Ducati den Titel vum Constructeursweltmeeschter an der MotoGP 2025 geséchert, dat siwe Coursse viru Schluss. Fir Ducati ass et dee sechsten Titel noeneen.
An der Moto2 huet den Daniel Holgado d'Course dominéiert a seng éischt Victoire gefeiert. Op de Podium sinn nach den Jake Dixon an den Öncü-Vertrieder Daniel Munoz gefuer. Fir de Munoz war et och eng Première um Podium. De Manuel Gonzalez ass de Véierte ginn an ass däitlech virum WM-Rival Diogo Moreira (14.) ukomm. Den Aron Canet huet no enger Chute d'Zil guer net gesinn.
Am WM-Klassement iwwerhëlt de Gonzalez ëmmer méi d'Kontroll. Siwe Coursse viru Schluss huet hien elo 217 Punkten. De Canet huet e Retard vun 38 Punkten an de Moreira vun 42 Punkten.
An der Moto3 huet sech den Angel Piquera am Titelkampf géint de José Antonio Rueda zeréckgemellt. De Spuenier huet sech no engem spannenden Duell op der Schlussronn zu Barcelona ganz knapp virum Rueda behaapt. De Japaner Taiyo Furusto huet et als Drëtten nach op de Podium gepackt.
An der WM-Wäertung huet de Rueda 270 Punkten. De Piqueras kënnt elo op 206 Punkten an de Quiles als Drëtten huet 168 Punkten.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 A. Marquez BK8 Gresini Racing MotoGP 40:14.093
2 M. Marquez Ducati Lenovo Team +1.740
3 E. Bastianini Red Bull KTM Tech3 +5.562
4 P. Acosta Red Bull KTM Factory Racing +13.373
5 F. Quartararo Monster Energy Yamaha MotoGP Team +14.409
Moto2
1 D. Holgado CFMOTO Impulse Aspar Team 36:21.444
2 J. Dixon ELF Marc VDS Racing Team +2.500
3 D. Muñoz Red Bull KTM Ajo +3.119
4 M. Gonzalez LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP +4.497
5 I. Guevara BLU CRU Pramac Yamaha Moto2 +5.859
Moto3
1 A. Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI 32:40.243
2 J. Rueda Red Bull KTM Ajo +0.081
3 T. Furusato Honda Team Asia +0.156
4 D. Almansa Leopard Racing +0.229
5 A. Fernandez Leopard Racing +0.542
De General
MotoGP
1 M. Marquez Ducati Lenovo Team 487
2 A. Marquez Gresini Racing MotoGP 305
3 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team 237
4 M. Bezzecchi Aprilia Racing 197
5 P. Acosta Red Bull KTM Factory Racing 183
Moto2
1 M. Gonzalez LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP 217
2 A. Canet Fantic Racing Lino Sonego 179
3 D. Moreira Italtrans Racing Team 175
4 B. Baltus Fantic Racing Lino Sonego 153
5 J. Dixon ELF Marc VDS Racing Team 152
Moto3
1 J. Rueda Red Bull KTM Ajo 270
2 A. Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI 206
3 M. Quiles CFMOTO Gaviota Aspar Team 168
4 64D. Muñoz LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP 163
5 A. Carpe Red Bull KTM Ajo 149