Gil Linster fiert zu Oschersleben op de Podium

© Julien Ramos / Imagify Visual Studio
Dëse Weekend fiert d’EuroNASCAR hir Halleffinall vun der Saison 2025 zu Oschersleben.
Vun dëser Phas u ginn – genee wéi bei deenen zwou Courssen vun der Finall zu Zolder an dräi Wochen – d’Punkte verduebelt. Dat bedeit, d’Pilote kënnen entweder wichteg Plazen am General gewannen oder verléieren.
Nieft dem Gil Linster ass och de Loris Cencetti zu Oschersleben fir d’Ekipp vum däitsche Marko Stipp un de Start gaangen. Et war dem Loris Cencetti säin zweeten Asaz an der EuroNASCAR. Aus Lëtzebuergescher Siicht war et also spannend ze gesinn, wéi de Gil Linster no senger gesondheetsbedéngter Paus weider Fortschrëtter mécht, mee och wéi de Loris Cencetti sech an dësem staarke Feld positionéiere kann.
Am Qualifying ass de Gil Linster mat enger Zäit vun 1:32.791 op P5 gefuer, an de Loris Cencetti mat enger Zäit vun 1:34.783 op P16.
An der Course selwer konnt de Gil Linster no engem laange Kampf de Claudio Cappelli an och den Thomas Toffel iwwerhuelen a sech domat eng Plaz um Podium sécheren. De Loris Cencetti konnt och dräi Plaze guttmaachen an ass als 13. iwwert d’Arrivée gefuer.
E Samscheg geet de Gil Linster nees als 5. an d’Course, wärend de Loris Cencetti vun der Startplaz 15 un den Depart geet.