D'Verlängerung vum 27 Joer ale Russell sengem Kontrakt hat sech an d'Längt gezunn. Béid Verträg gëllen awer just fir déi nächst Saison.

An engem offizielle Communiqué vum Mercedes-AMG Petronas F1 Team sinn den George Russell an de Kimi Antonelli als Pilote fir d'Saison 2026 confirméiert ginn. War scho länger bekannt, dass den italieenesche Rookie eng zweet Saison ënnert dem Stär géing fueren, war laang net gewosst, ob dem Russell säi Kontrakt och verlängert géing ginn. Den Teamchef Toto Wolff hat jo ëffentlech zouginn, dass seng Ecurie sech eng Zäit laang och mat engem méigleche Wiessel vum Max Verstappen beschäftegt hat.

Den George Russell geet domat a seng fënneft Saison bei Mercedes-AMG. De fënneffache Grand-Prix-Gewënner wäert d'nächst Joer 10 Joer bei hinnen ënner Kontrakt stoen. Fir de Kimi Antonelli, dee wéi de Russell och aus dem hauseegenen Nowuessprogramm staamt, wäert et d'Chance sinn, nach weider Fouss ze faassen a richteg an der Formel 1 unzekommen. Wéi laang déi zwee Kontrakter genee lafen, ass net preziséiert ginn. Wie vun 2027 u fir Mercedes-AMG an der Formel 1 fiert, ass also nach onkloer.

De Gerant an Teamchef Toto Wolff sot zur Verlängerung vu béide Kontrakter:

"Die Bestätigung unserer Fahrerpaarung war immer nur eine Frage des Zeitpunkts, nicht des Ob. Wir wollten uns Zeit nehmen, die Verhandlungen ordnungsgemäß führen und sicherstellen, dass alle Seiten zufrieden sind. Ich bin froh, dass uns das gelungen ist. George und Kimi haben sich als starkes Duo erwiesen, und wir freuen uns darauf, unseren Weg gemeinsam fortzusetzen. Unser Fokus liegt nun auf den verbleibenden sechs Rennen des Jahres, in denen wir um den zweiten Platz in der Konstrukteurswertung kämpfen, sowie auf dem Jahr 2026 und dem Beginn einer neuen Ära in der F1."

Virum Grousse Präis vun den USA, deen dëse Weekend zu Austin gefuer gëtt, ass domat vill Damp vum Mercedes-Kessel. D'Decisioun wäert dem Team an dem Pilot sécherlech guttdoen. Den George Russell, deen de leschte Grand-Prix zu Singapur gewonnen hat, wäert mat vill Réckewand an d'Course goen.

De Grand Prix, de Sprint, all Qualifyingen an Traininge gesitt Dir live op RTL Zwee an RTL Play.