Dragracing
Yannis Weyland gewënnt 5 vu 5 Meeschterschaften

De Yannis Weyland mat engem houfrege Papp Sam Weyland.
Perfekt Saison fir de jonke Lëtzebuerger Yannis Weyland. Hie konnt alle Meeschterschaften am Dragracing säi Stempel opsetzen.
Hien ass dës Saison a 5 verschiddene Meeschterschaften ugetrueden an um Enn ass et einfach just e perfekten Ofschloss. Hie konnt all Meeschterschaft als Gewënner ofschléissen, e Resultat, mat deem hie selwer kaum gerechent hat.
Um Enn ass et den Titel a senger Kategorie am franséische Championnat, am däitschen DMSJ-Championnat, am däitschen MSJ-Championnat, am HARA Club-Championnat an am "Junior Internationals" vun der Junior Dragster School.
Am meeschte gelies