
Nom Rally di Roma an Italien, deen op Asphalt gefuer gouf, goung et fir den 2. Laf a Lettland, wou e Schotterrallye op d’Equipagë gewaart huet. Et ass en immens séiere Rallye, bei deem d’Piloten aus de skandinavesche Länner dacks den Tempo diktéieren.
Dat war och dëst Joer net anescht. No 10 Specialle war et de Schwed Oliver Solberg, dee sech mat sengem Copilot Aaron Johnston op engem VW Polo GTI R5 duerchsetze konnt, dat virum Mads Ostberg / Torstein Eriksen op Citroën C3 R5. Op Plaz 3 kënnt “the russian rocket” Alexey Lukyanuk, dee mat sengem Copilot Dmitriy Eremeev op engem Citroën C3 R5 an der EM fiert.
Fir de Lëtzebuerger Grégoire Munster, dee mam belsche Copilot Louis Louka op engem Hyundai i20 R5 fiert, goung et a Lettland drëm éischt Erfarungen op Schotter ze sammelen. Bis op e Platten op der 4. Special si se ouni gréisser Problemer duerch de Rallye komm, a waren um Enn ganz zefridde mat hirem Resultat. Et ass eng 7. Plaz am General an eng 3. Plaz an der Juniorwäertung erausgesprongen. Dat war hiren 1. Podium an der Junior-Wäertung, wat eng schéin Belounung fir déi gutt Leeschtung war.

An der Junior-Wäertung si si mat deem Resultat dann och elo och op Plaz 2 am Championnat, mat 49 Punkten. Leader ass den Oliver Solberg mat 80 Punkten. Op Plaz ass den Emil Lindholm mat 48 Punkten, idem wéi den Efrén Llarena.
Ob de Lëtzebuerger-belschen Duo och beim nächste Laf op den Azoren un den Depart geet, ass nach net sécher.
Wat een awer elo scho ka matdeelen, ass dass de Grégoire Munster mat der Startnummer 36 um Hyundai i20 R5 beim WM-Laf an Estland wäert starten, dat wéi gewinnt mat sengem belsche Copilot Louis Louka. Dee Rallye ass vum 4. bis 6. September a markéiert de Relaunch vun der Rallye-WM, nodeems am Ufank vum Joer de Rallye Monte-Carlo, de Rallye Schweden an de Rallye Mexiko gefuer goufen. Duerno goufen all d’Rallyen wéinst der Corona-Pandemie ofgesot an de Rallye Estland ass den éischte Rallye, deen als Alternativ mat an de Kalenner opgeholl gouf.