
Um Samschdeg den Owend gouf déi lescht Course vun der GTWC Endurance fir dës Saison gefuer, dat zu Portimao. Immens vill Leit hunn déi Course suivéiert, well ënnert anerem de Formel-1-Pilot Max Verstappen eng éischte Kéier hei an der GTWC un den Depart gaangen ass.
D'Course ass um 18 Auer eiser Zäit gestart ginn an huet 3 Stonne gedauert. Deemno ass och an der kompletter Däischtert gefuer ginn, wat der Course nach emol e besonnesche Flair ginn huet.
Den Dylan Pereira ass wéi gewinnt um Audi R8 LMS GT3 EVO II vun Tresor Attempto Racing gefuer, dat zesumme mam Däitschen Alex Aka an dem Italieener Andrea Frassineti. Si si vu Plaz 16 an d'Course gestart, zwou Plazen hannert dem Team vum Max Verstappen (Mercedes AMG GT3 EVO).
De Frassineti ass de Start gefuer an en huet sech och gutt gehalen. Et ginn an der GTWC kloer Reegelen, wéi laang ee sougenannte "Stint" daueren däerf. Bei Tresor Attempto Racing hu se hei awer e Feeler gemaach, well de Frassineti ass ze laang op der Streck bliwwen. Wéi hien den Auto un den Alex Aka iwwerginn huet, hate se eng gutt Positioun an der Course, am Kampf ëm eng gutt Platzéierung an der Gold-Klass. Ma dee Kampf ass abrupt op en Enn komm, wéi d'Renndirektioun matgedeelt huet, dass den Auto mat der Startnummer 99 eng "Drive-Through-Penalty" krut. Deemno huet den Alex Aka eng Kéier mussen duerch d'Boxegaass fueren, wéi en op Plaz 12 am Klassement war. En ass doduerch wäit zeréckgefall.
Ma et ass nach schlëmmer komm, well géint der Enn vu sengem Stint huet hien e Platten um Audi R8 kritt, dat hanne lénks. En huet dunn nach e gutt Stéck vun der Ronn musse mam futtisse Pneu fueren, éier en an d'Box komm ass. Chance war allerdéngs, dass deen Ament d'Zäitfënster fir den nächste Pilotewiessel schonn op war.
Deementspriechend konnt dunn den Dylan Pereira en Tick éischter wéi geplangt an den Auto klammen, fir déi lescht Stonn vun der Course ze fueren, wou et dunn och séier däischter ginn ass op der Streck. De Pereira war awer sou wäit hannen am Klassement, dass en net méi vill konnt gutt maachen. Dobäi koum dunn nach e Safety Car. Do war de Pereira grad hannert dem féierenden Auto an huet beim Re-Start de bloe Fändel gewise kritt, well hannert him eben d'Plazen 2,3,4 asw gefuer sinn, déi den Uschloss ëm de Kampf fir Plaz 1 hu mussen halen. De Pereira huet sech dann och fair aus dem Kampf ëm d'Spëtzepositiounen erausgehalen.
Vill Leit hunn natierlech och drop gewaart, dass de Max Verstappen fiert. En ass eréischt déi lescht Ronn 40 Minutte an den Auto geklommen an huet op Plaz 24 de Cockpit iwwerholl, nodeems säin Teamkolleeg en aneren Auto gedréint hat an dofir eng Duerchfaartsstrof kritt hat. De Verstappen huet sech den Auto gedeelt mam Ben Barnicoat an dem Chris Lulham. Duerch d'Safety-Car-Phas war d'Feld nach emol enk beieneen komm an de Verstappen konnt sech souguer nach an d'Punkten no vir kämpfen, bis op Plaz 9. Säin Debut an der GTWC hat den Hollänner sech allerdéngs bestëmmt anescht virgestallt.
Un der Spëtzt war et um Enn de GetSpeed-Mercedes mat der Startnummer 17 vu Maximilian Götz, Fabian Schiller a Ralf Aron, deen d'Nues vir hat. Hannendrun op Plaz 2 ass et de Porsche #80 mat Preining, Feller a Buus. Déi drëtt Plaz geet nees u Porsche, an dësem Fall dee mat der Startnummer 2, op deem Schuring, Boccolacci a Picariello gefuer sinn.
Fir den Dylan Pereira, Alex Aka an Andrea Frassineti war et no 3 Stonne Course just Plaz 31. Dat war sécherlech net dat Resultat, wat ee sech fir den Ofschloss vun der GTWC-Saison gewënscht huet. Duerch d'Duerchfaartsstrof an de Platten war awer net méi dran.
D'GTWC geet dann elo an d'Wanterpaus an d'Saison 2027 start Mëtt Abrëll um Circuit Paul Ricard a Frankräich.