
De 6. a 7. Juni war d'EuroNascar Series um legendäre Circuit vu Brands Hatch a Groussbritannien zu Gaascht fir d'Coursse 5 a 6 vun der Saison.
Bei typeschem engleschen Wieder – also mat Reen a frëschem Wand – ass de lëtzebuergesche Pilot Gil Linster Samsdes vun der 6. Startplaz an den éischte Laf gaangen. Um Enn vun enger spannender Course ass hien als Drëtten iwwer d'Zillinn gefuer. Wéinst der nofollgender Disqualifikatioun vum Lessard (Nr. 11), deem säin Auto d'No-Kontroll net bestanen huet, ass de Gil Linster op déi 2. Plaz no vir geréckelt – säi 4. Podium an de bis elo 6 gefuerene Courssen.
Och um Sonndeg huet de Gil Linster seng Konstanz ënner Beweis gestallt a konnt nees en Top-5-Resultat erausfueren. Domat war hien an alle 6 Courssen vun der aktueller Saison ënnert den éischten Fënnef klasséiert.
Besonnesch positiv fir de lëtzebuergesche Pilot war, datt hien a béide Courssen säin direkten Titelrival Thomas Toffel hannert sech hale konnt. Doduerch ass säi Réckstand an der Gesamtwäertung op just nach 2 Punkte geschrumpft.
No dësem spannende Weekend geet d'Nascar Euro Series an d'Summerpaus. De nächste Rendez-vous steet den 29. an 30. August um tschechesche Circuit vu Most um Programm, wou d'Coursse 7 an 8 ausgedroe wäerte ginn.