
Den Trainer Patrick Unger huet 13 Spillerinnen nominéiert, dovu spillen 8 Spillerinnen am Ausland. Mat dobäi ass och d’Isi Etute, hir Schwëster Ehis Etute ass dogéint net disponibel.
An der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft spillt Lëtzebuerg zwee Heemmatcher, e Mëttwoch géint Irland an e Samschdeg géint Israel. Béid Matcher ginn an der Coque um Kierchbierg gespillt, de Match géint Israel gëtt allerdéngs ouni Public gespillt.
De Kader am Iwwerbléck:
Baum Joy (Limburg, Holland)
Etute Isi (IMG academy, USA)
Fuglsang Sofie (Herner TC, Däitschland)
Irthum Laurie (Heidelberg, Däitschland)
Irthum Liz (Klosterneuburg, Éisträich)
Madjo Dionne (Flammes Carolo, Frankräich)
Mangen Julie (Amicale Steesel)
Meynadier Magaly (Saarlouis Royals, Däitschland)
Missavage Kathrin Jo (Amicale Steesel)
Nilles Julie (Musel Pikes)
Nürenberg Svenia (T71 Diddeleng)
Simon Anne (Magnolia Campobasso, Italien)
Skrijelj Esmeralda (AB Contern)