
Auswäerts stoung géint Nordmazedonien d’Partie géint de Co-Leader am Grupp A um Programm. Souwuel de Géigner wéi och Lëtzebuerg haten déi zwee éischt Matcher vun der Pre-Qualifikatioun gewonnen.
D’Selektioun vun der FLBB hat an der éischter Hallschecht Probleemer, hiert Kollektiv-Spill an Zeen ze setzen. De Géigner huet de Ben Kovac besonnesch gutt bewaacht a Lëtzebuerg konnt donieft bis zur Paus nëmmen zwee Dräier bei zéng Versich markéieren. Nordmazedonien louch no 20 Minutte 44:32 a Féierung.
No der Paus hunn d’Rout Léiwen alles probéiert, fir sech nees zeréck an d’Partie ze kämpfen, allerdéngs sollt de Réckstand net méi schmëlzen. Nordmazedonien huet de Match kontrolléiert an um Enn verdéngt mat 79:70 fir sech entscheet. Lëtzebuerg huet ze schwaach aus der Distanz geworf, fir de Géigner nach emol ënner Drock ze setzen.
Bei Lëtzebuerg hat de Ben Kovac mat 20 Punkten déi meeschte Punkten um Kont, de Clancy Rugg (15), de Philippe Gutenkauf (12) an de Malcolm Kreps (12) hunn och zweestelleg getraff.
Um Méindeg steet de véierte Match vun der Pre-Qualifikatioun um Programm, dat auswäerts géint Irland.
Lëtzebuerg - Irland 89:77
Aserbaidjan - Lëtzebuerg 90:95
Nord Mazedonien - Lëtzebuerg 70:79
Um Méindeg: 20:30 Irland - Lëtzebuerg