Um Sonndeg huet sech de Basket Esch däitlech mat 79:49 géint d’Musel Pikes duerchgesat. Duech e staarken zweete Véierel (31:10) huet Esch de Match fréizäiteg virentscheet. Mat 26 Punkten an 20 Rebounds war d’Eden Nibbelink déi beschte Spillerin vun der Partie.
E Samschdeg huet den AB Conter e wichtege Match géint d’Amicale mat 77:60 gewonnen a setzt sech domat an der Tabell däitlech vum Géigner of. D’Caileigh Walsh war mat 36 Punkten net ze stoppen, d’Lokalekipp huet 11 Dräier getraff an de Rebound dominéiert. D’Ana Petrova huet donieft 22 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
Den T71 Diddeleng setzt sech auswäerts 83:55 zu Wolz duerch a séchert sech domat déi éischte Plaz an der Tabell. D’Ekipp vum Trainer Tom Schumacher huet domat an der Halleffinallserie souwéi an enger méiglecher Finallserie Heemvirdeel. 9 Spillerinne vun de Gäscht hu bei der klorer Victoire Punkte markéiert, d’Lauren Van Kleunen hat mat 28 déi meeschte Punkten um perséinleche Kont.