Historesch Leeschtung an der NBABam Adebayo markéiert 83 Punkten

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf et eng spektakulär an historesch Leeschtung an der NBA vum Bam Adebayo vun de Miami Heat.
© MEGAN BRIGGS/Getty Images via AFP

Bei der 150:129 Victoire vun de Miami Heat géint d’Washington Wizards huet de Bam Adebayo 83 Punkte markéiert. Hien huet 20 vun 43 Wërf getraff, dorënner 7 Dräier. Donieft stoung hien 43 Mol un der Fräiworflinn a konnt dovu 36 Stéck verwandelen.

© MEGAN BRIGGS/Getty Images via AFP

Des Leeschtung koum ëmsou méi iwwerraschend, well den Adebayo net onbedéngt als Scorer bekannt ass. An der Ranglëscht vu perséinleche Beschtwäerter steet den Adebayo domat op der 2. Plaz, nëmmen de Wilt Chamberlain steet nach virun him, hie konnt am Joer 1962 onfaassbar 100 Punkten an enger Partie geheien. Den Adebayo huet domat och dem Kobe Bryant seng historesch 81-Punkte-Leeschtung iwwerbueden.

© MEGAN BRIGGS/Getty Images via AFP

Back to Top
CIM LOGO