
Den Tabellenéischten T71 Diddeleng wënnt doheem mat 89:73 géint den AB Contern. D’Gäscht konnte bis an den drëtte Véierel mathalen, duerno huet Diddeleng allerdéngs d’Kontroll vum Match iwwerholl an de leschte Véierel 23:10 fir sech entscheet. D’Shalonda Winton war mat 33 Punkten net ze stoppen, d’Lauren Van Kleunen koum op 29 Punkten.
D’Amicale Steesel setzt sech doheem däitlech mat 81:65 géint den Tabelleleschte Wolz duerch. Schonn an der Paus louch d’Lokalekipp 46:38 a Féierung. D’Kathryn Missavage huet an engem staarke Kollektiv mat 16 Punkten erausgestach.
Um Sonndeg spillt d’Sparta Bartreng géint d’Musel Pikes. Bei den Hären ass wéinst de Lännermatcher eng Paus am Championnat.