NBATeam USA Stars wënnt 75. Editioun vum All Star Game

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg stoung an der NBA d'All Star Game um Programm, dat mat engem neie Format.
© TAYFUN COSKUN/Anadolu via AFP

Déi insgesamt 24 All-Stars waren agedeelt an dräi Ekippen: “Team USA Stars” mat jonke Spiller aus den USA, “Team USA Stripes” mat erfuerene Spiller aus den USA an “Team World” mat internationale Spiller. Zanter Jore probéiert d’NBA mat neie Formater dofir ze suergen, dass d’Spiller sech engagéieren an den All Star Game nees méi attraktiv gëtt. An der Finall am neien “Intuit Dome” zu Los Angeles, wou d’Los Angeles Clippers hir Heemmatcher spillen, stounge sech d’USA Stars an d’USA Stripes géintiwwer. Dës Partie konnten d’Stars kloer mat 47:21 fir sech entscheeden. MVP vum All Star Game gouf den Anthony Edwards vun de Minnesota Timberwolves.

Resultater vun de Matcher:

Team World - Team Stars: 35:37
Team Stars - Team Stripes: 40:42
Team World - Team Stripes: 45:47

Finall:

USA Stars - USA Stripes: 47:21

Lebron James mat 22. Nominatioun

Den 41 Joer ale Lebron James brécht weider Rekorder. Hie gouf fir säin insgesamt 22. All Star Game nominéiert, sou dacks wéi nach kee Spiller an der Geschicht vun der Liga. Wéi gewinnt ware vill prominent Zuschauer dobäi, dorënner och den Ex-President Barack Obama. An der Nuecht op e Sonndeg hat sech den Damian Lillard vun de Portland Trail Blazers fir déi drëtte Kéier den Titel “3-point contest” geséchert, den Dunking-contest huet de Keshad Johnson vun de Miami Heat gewonn. Donieft hunn d’New York Knicks d’Shooting-Competitioun fir sech entscheet.

Back to Top
CIM LOGO