Am Zäitfueren iwwer 8,3 Kilometer konnt de Lëtzebuerger iwwerzeegen. Zweete nom Genna gouf den Eduardo Affini virum Jos van Emden.

De Vainqueur aus Italien hat um Enn eng Avance vu 5 Sekonnen op säi Landsmann Eduardo Affini, Drëtte gouf de Jos Van Emden.

Aus Lëtzebuerger Sicht gouf de Bob Jungels de gudde 6. mat engem Retard vu 16 Sekonnen.  De Kevin Geniets hat sech als 27. klasséiert, de Jempy Drucker koum op déi 80. Plaz an den Alex Kirsch gouf de 96.

Am General bleift de Belsch Tim Wellens a Féierung, dëst mat enger Avance vun 8 Sekonnen op de Marc Hirschi aus der Schwäiz.
Hei ass de Kevin Geniets als beschte Lëtzebuerger elo de 29. mat engem Retard vun iwwer 4 Minutten. De Bob Jungels ass aktuell den 32. mat engem Réckstand vun iwwer 5 Minutten, de Jempy Drucker de 59. op iwwer 12 Minutten an den Alex Kirsch ass am General op der 93. Plaz.