Fir den Tom Wirtgen war et um Enn déi 51. Plaz. Am General ass de Warren Barguil de neie Leader.

A Norwegen stoung déi drëtten Etapp vum Arctic Race um Programm. No 176,5 Kilometer konnt sech de Christian Eking aus Norwegen d'Victoire sécheren. Zweete gouf de Warren Barguil aus Frankräich mat engem Retard vu 5 Sekonnen. Den Alexey Lutsenko aus Kasachstan konnt de Podium mat senger drëtte Plaz komplettéieren.

Aus Lëtzebuerger Sicht konnt sech de Pit Leyder als 40. klasséieren, dëst mat engem Retard vun 2 Minutten an 22 Sekonnen. Den Tom Witgen gouf den 51. op 3 Minutten a 17 Sekonnen.

Am General ass de Warren Barguil elo de neie Leader. Hien huet eng Avance vun 3 Sekonnen op de Lutsenko. Hei ass de Pit Leyder elo de 49. mat engem Réckstand vu 19 Minutten a 7 Sekonnen, den Tom Wirtgen huet als 56. ee Retard vun 20 Minutten an 2 Sekonnen op de Fransous.