Déi 2. Etapp vum Ladies Tour of Norway goung vu Mysen op Askim iwwer 134 Kilometer.

An hei haten et zemools déi lescht Kilometer a sech - et ass nämlech 3 Tier iwwer 8 Kilometer duerch d'Stad Askim gaangen. Am Peloton war dowéinst Geraibers, well d'Ekippen hir bescht Leit fir de Finish wollten a Positioun bréngen.

D'Marianne Voss huet am leschten Tour eng Attack gestart an dës bis zum Schluss duerch gezunn. D'Christine Majerus ass mam Peloton op der Arrivée ukomm.

D'Situatioun kuerz virun der Ligne d'Arrivée

Mat dem Stress am Peloton ware Chutte bal net ze verhënneren. Dat éischt prominent Affer war d'Lorena Wiebes: Si hat net just d'Optaktetapp fir sech entscheet, mä war och am Giele Maillot ënnerwee. 15 Kilometer viru Schluss ass d'Hollännerin gefall, koum spéider awer nees bäi.

Déi 5 Leit un der Spëtzt kruten iwwerdeems Sekonn ëm Sekonn ofgeholl an esou goung et mat engem regruppéierte Peloton op de leschten Tour. D'Marianne Voss huet doraus sec attackéiert an hirer Konkurrenz direkt e puer Hektometer ofgeholl.

Ënnert der Flamme Rouge erduerch huet si nach eng Kéier relancéiert an ass schliisslech als 1. iwwer d'Ligne d'Arrivée gefuer - nëmmen op e puer Meter virun der Alice Barnes aus Groussbritannien an der Marta Bastiianelli aus Italien.