Op der 8. Etapp vum Tour de l'Avenir goung et iwwer ganz kuerz 24 KM vu Brides-les-Bains de Col de la Loze erop. Am General ass de Michel Ries elo den 10.

Vun Ufank u goufen et Attacken aus dem Peloton eraus, schliisslech war d'Etapp mat nëmme 24 Kilometer immens kuerz. 5 Kilometer virun der Ligne d'Arrivée war ee Spëtzegrupp vun 3 Mann vir an dorënner war och de Lëtzebuerger Michel Ries.

© Twitter / Tour de l'avenir

Den Tempo war awer immens héich a weider verschäerft gouf et vun der Acceleratioun vum Clément Champoussin - de Fransous konnt sech deemno och vir ofsetzen an ass eleng un der Spëtzt gefuer. Den Alexander Evans konnt awer opschléissen a sou ass den Duo a Richtung Ligne d'Arrivée gefuer.

Ënnert der Flamme Rouge erduerch huet sech den Australier ofgesat an ass op de leschten Hektometer eleng virgefuer. Nëmmen 12 Sekonnen hannendrun de Lëtzebuerger Nowuess-Coureur Michel Ries. Hien ass virum Clément Champoussin uewenaus ukomm.

Domat mécht de Michel Ries och am General ee Sprong op déi 10. Plaz no vir - dat komplett Resultat elo geschwënn.

Top10 vun der Etapp

General

1 FOSS Tobias 22:39:37
2 JORGENSON Matteo 0:23
3 ALEOTTI Giovanni 0:41
4 CHAMPOUSSIN Clément 0:58
5 VAN WILDER Ilan 1:38
6 BATTISTELLA Samuele 2:20
7 VANSEVENANT Mauri 2:35
8 ZIMMERMANN Georg 3:30
9 BERRADE Urko 4:19
10 RIES Michel ,,
...
55 KLUCKERS Arthur 50:00
...
112 WEYRICH Maxime 1:36:52

De Bob Jungels hat iwwerdeems ee Message fir déi jonk Coureuren