Op der leschter Etapp vum Tour du Limousin ass et iwwer 175 Kilometer vu Confolens op Limoges gaangen. Gewënner am General ass de Benoit Cosnefroy.

Déi 52. Editioun vun der Tour du Limousin huet um Samschdeg zu Limoges a Frankräich e Schlusspunkt fonnt. Am Massesprint huet sech de Francesco Gavazzi vun der Ekipp Androni Giocatto virum Martin Guillaume an dem Benoit Cosnefroy duerchgesat. De Ben Gastauer ass mat der selwechter Zäit op déi 19. Plaz komm.

Am General steet de Fransous Benoit Cosnefroy vun der Ekipp AG2R La Mondiale op der 1. Plaz virum Lilian Calmejane an dem Martin Guillaume. De Ben Gastauer kënnt mat engem Retard vun 9'34'' op déi 34. Plaz.