Tëscht 1999 an 2015 war de Bjarne Riis Teammanager vun CSC, Saxo Bank an Tinkoff-Saxo Bank.

Dobäi huet hien ënnert anerem och mat de Gebridder Schleck zesummegeschafft. 2016 huet de fréieren Tour-de-France-Gewënner zesumme mam fréiere Chef vu Saxo Bank Lars Seier Christensen an dem President vum Futtballclub vu Bröndby Jan Bech Andersen d'Firma Virtu Cycling Group gegrënnt.

No Projeten um kontinentalen Niveau a bei den Dammen huet Virtu viru kuerzem 30 Prozent vun de Parte bei NTT Cycling iwwerholl. Déi afrikanesch World-Tour-Ekipp ass leschte Saison nach ënnert dem Numm Dimension Data gefuer.

De Bjarne Riis iwwerhëlt vun der neier Saison un d’Funktioun vum Teammanager. De Lars Bak, dee genee ewéi de 55 Joer alen Dän laang am Grand-Duché gefuer ass, gëtt sportlechen Direkter.

2021 ass de groussen Depart vum Tour de France zu Kopenhagen. De Bjarne Riis war no enger Doppingvergaangenheet bei der Grande Boucle eng „persona non grata“.

Den Dän wëll d’nächst Joer a sengem Heemechtsland awer onbedéngt dobäi sinn.