Et géif een awer kucken, fir d'Courssen zu engem spéideren Datum ze organiséieren.

D'ASO, d‘Organisateuren vun ënnert anerem dem Tour de France, hunn annoncéiert, dass d‘Klassiker, Paris-Roubaix, Flèche Wallonne a Léck-Baaschtnech-Léck den nächste Mount net gefuer ginn.

Wéi ze erwaarde war, ass en Dënschdeg den Owend d'Nouvelle komm, datt och den Tour des Flandres, dee fir de 5. Abrëll geplangt war, ofgesot ass.

Dat gëllt esouwuel fir d‘Häre- wéi och Dammecourssen.

Um Mëttwoch ass et du weider gaange mat den Ofsoen: De Semi-Klassiker Eschborn-Frankfurt den 1. Mee gëtt net gefuer an och d'Amstel-Gold-Race gëtt net gefuer. Déi Course hat de Fränk Schleck jo 2006 gewonnen an 2008 gouf et eng 2. Plaz hannert dem Italiener Damiano Cunego.