Dës Informatioun krut den Organisateur e Mëttwoch den Owend vun der internationaler Vëlosfederatioun matgedeelt.

Wéinst der Sécherheet um Parcours, stoung den Tour de Luxembourg dëst Joer an der Kritik. Bis enDonneschdeg war et dofir och net sécher, dass d'Course dat nächste Joer am Kalenner vun der sougenannter "ProSeries" géif stoen. Dat ass awer elo de Fall. D'Organisateure krute vum Weltverband gréng Luucht.

Tour de Luxembourg/Reportage Rich Simon

Et ware schonns zum Deel geféierlech Situatioune fir d'Coureuren. Autoen, déi schlecht geparkt waren, ee Camion, deen an d'Course gefuer ass an esou weider. Biller, déi een net wëll gesinn a fir d'Coureuren och immens geféierlech sinn. D'Organisateure si sech bewosst, dass dat alles anescht wéi optimal war. De President vum Tour de Luxembourg, Andy Schleck ënnersträicht awer, dass een net alles soll schlecht rieden.

"Et war net nëmmen dee Camion, net nëmmen deen Auto. Do war ganz vill wéi den Depart an d'Arrivée, de Parcours. Dat alles si Punkten, déi mir der UCI ginn hunn an do ware ganz vill positiv Saachen dobäi. Natierlech war dee Problem, dee mir mat der Securitéit haten, eisen Dada."

Deen Dada soll dat nächste Joer net méi do sinn. Ënnert anerem gëtt de Parcours fir de Géigeverkéier wärend 30 Minutte gespaart. An och laanscht d'Streck gi méi Leit positionéiert.

"Dat heescht, déi dann op de Kräizunge stinn a wëssen, wéini d'Course kënnt an de Verkéier och aktiv unhalen an och unhalen däerfen."

D'Organisateure ronderëm den Andy Schleck wëllen och de Parcours nach eng Kéier ënnert d'Lupp huelen. Ënnert anerem soll verstäerkt op sougenannte Circuit-Finalle gesat ginn.

"Natierlech wann een ee Circuit-Final huet an dat sinn net nëmmen 30 Kilometer, mee och emol 60 oder 80 Kilometer, déi een deen een oder aneren Dag op engem Circuit-Final fiert, ass et méi einfach déi Stroossen ze spären, wéi wann ee vu Wolz an de Süden an dann op d'Musel fiert. Dat ass méi komplizéiert an dat si Gedanken, déi mir féieren."

Den Tour de Luxembourg ass dat nächste Joer vum 14. op den 18. September. Also kuerz virun der Weltmeeschterschaft, wat sécherlech dierft e puer grouss Nimm op Lëtzebuerg lackelen. Virun allem steet och wärend deenen Deeg keng World-Tour-Course am Kalenner vun der UCI.