Beim Weltcup zu Tabor an Tschechien kënnt d'Marie Schreiber bei de Juniorinnen op déi excellenten zweete Plaz.

D'Lëtzebuergerin hat ee Retard vun 11 Sekonnen op d'Gewënnerin Zoe Backstedt aus England. Déi 3. Plaz war fir d'Italienerin Lucia Bramati.