Am Alter vu 5 Joer huet d'Claire Faber mam Vëlo ugefaangen. Bal 20 Joer duerno ass elo Schluss. D'Decisioun heifir, huet si net vun haut op muer getraff.
Datt si ophält, huet déi 24 Joer jonk Cyclistin d'lescht Woch op de soziale Medie bekannt ginn. No hirem Accident Ufank 2021, hat d'Claire Faber vill mat de kierperlechen a mentale Folgen ze kämpfen.
Claire Faber - ass ënner anerem fir d'Ekipp vum Andy Schleck gefuer
Vum Keeler Potto erof op Esch, gouf déi 24 Joer jonk fréier Cyclistin viru ronn 2 Joer vun engem Auto ugestouss. Den Dag duerno sollt d'Claire Faber u sech ee Virstellungsgespréich bei enger World-Tour-Ekipp hunn, duerch déi uerg Blessuren ass dat awer ni zustane komm. Trotzdeem kann d'Claire Faber op eng Karriär zeréckkucken, déi sech weise léist. Ënnert anerem eng 28. Plaz am Contre-la-Montre bei der EM, donieft och nach verschidden national Titelen. Hiert Talent louch virun allem um Flaachen, am Sprint an op de Paweeën, mä och op der Bunn.
Nieft dem Vëlossport studéiert d'Claire Faber Sportmanagement an Digitalisatioun op der Lunex zu Lëtzebuerg. Si huet ee klore Plang wéi et no der Karriär fir si soll weidergoen.
Och wa si net méi u Courssen deelhëlt, wäert een d'Claire Faber sécherlech nach dacks nieft der Streck gesinn.