De Weltmeeschtertitel ass un d'Hollännerin Shirin van Anrooij gaangen. D'Maité Barthels an d'Liv Wenzel kommen op déi 26. an 28. Plaz.

Zu Hoogerheide an Holland ass d'Marie Schreiber bei der U23 vun den Dammen e Sonndeg de Mëtteg mat engem Retard vun 2:05 Minutten op déi 5. Plaz gefuer. D'Lëtzebuergerin hat am drëtten Tour eng Chute an huet doropshin de Vëlo misste wiesselen.
De Weltmeeschtertitel ass no 45 Minutten an 53 Sekonnen un d'Shirin van Anrooij gaangen. Mat engem Ecart vun 1:32 Minutte konnt sech d'Hollännerin d'Victoire virun der Brittin Zoe Backstedt sécheren. D'Tschechin Kristyna Zemanová huet de Podium mat der drëtter Plaz komplettéiert.
Déi zwou weider Lëtzebuerger Coureusë Maité Barthels a Liv Wenzel sinn als 26. an 28. iwwert d'Arrivée gefuer.

Bei den Hären ass de Mathieu van der Poel den neie Weltmeeschter. Den Hollänner huet sech e Sonndeg de Mëtteg bis op d'Arrivée mam Wout van Aert duelléiert, huet de Belsch op der Zillinn awer hannert sech gelooss. Déi drëtt Plaz war mat engem Retard vun 12 Sekonnen fir den Eli Iserbyt aus der Belsch.

E Samschdeg de Moie gouf et bei de Junioren eng franséisch Victoire fir de Léo Bisiaux. Mat engem Retard vun 11 Sekonne klasséiert sech den Hollänner Senna Remijn an de Belsch Yordi Corsus konnt sech d'Bronzemedail sécheren. Eng staark Course ass den Noa Berton gefuer. Nodeems hien am éischten Tour op der 16. Plaz louch konnt hien sech um Enn ënner 70 Konkurrente mat engem Retard vun 1 Minutt an 51 Sekonnen als 26. klasséieren.

De Ryck Meylender ass den 59. ginn an de Fynn Ury konnt d'Course net op en Enn fueren.

De Lëtzebuerger Nationaltrainer Jempy Drucker am Interview
De Bilan vun der Cyclocross-WM vum Lëtzebuerger Nationaltrainer.