Nodeems hie scho bei der Course Gent-Wevelgem gewonnen hat, konnt sech den 30 Joer ale Fransous och beim "À travers la Flandre" déi 1. Plaz sécheren.

Aus engem Verfolgergrupp, dee 15 Sekonne Retard op de Coureur vu Jumbo Wisma hat, koum de Spuenier Oier Lazkano vum Movistar Team op déi zweete Plaz. De 26 Joer alen US-Amerikaner Neilson Powless vun EF Pro Cycling mécht de Podium komplett.

Den Alex Kirsch gëtt de 45. op 3 Minutten an 32 Sekonnen an de Kevin Geniets den 142. op iwwer 7 Minutten.

Bei den Damme gouf et no 114,9 km eng Victoire fir d'Hollännerin Demi Vollering. D'Sportlerin vun SD Worx hat eng Avance vun 38 Sekonnen op den éischte Verfolgergrupp. D'Plazen 2 an 3 si fir d'Chiara Consonni aus Italien an d'Marianne Vos aus Holland.

D'Nina Berton ass d'Course op der 53. Plaz op en Enn gefuer an hat e Retard vu 7 Minutten an 19 Sekonnen.

D'Klassement vun den Hären

1 Christophe Laporte 4:06:20
2 Oier Lazkano +0:15
3 Neilson Powless +0:15
4 Jasper Philipsen +0:15
5 Mads Pedersen  +0:15
6 Arnaud de Lie +0:15
7 Davide Ballerini +0:15
8 Andrea Pasqualon +0:15
9 Olivier Le Gac +0:15
10 Nils Politt  +0:15
...
45 Alex Kirsch +3:32
...
142 Kevin Geniets +7:28

D'Klassement vun den Dammen

1 Demi Vollering 2:53:04
2 Chiara Consonni +0:38
3 Marianne Vos +0:38
4 Vittoria Guazzini +0:38
5 Ruby Roseman-Gannon +0:38
6 Floortje Mackaij +0:38
7 Marlen Reusser +0:38
8 Liane Lippert +0:38
9 Shirin van Anrooij +0:38
10 Ashleigh Moolman +0:38
...
53 Nina Berton +7:19