Tadej Pogacar als Éischten iwwert d'Mur de Huy
De Slowen huet sech an der Schlussmontée vun den anere Favoritten ofgesat a sech souverän d'Victoire geséchert.
E Mëttwoch ass den Tadej Pogacar op en Neits senger Favoritteroll gerecht ginn. De Slowen huet fir déi éischte Kéier a senger Karriär d'Flèche Wallonne gewonnen.
D'Decisioun ass eréischt an der Schlussmontée, der Mur de Huy, gefall. Hei huet sech de Pogacar kuerz virun der Arrivée vu senge Konkurrenten ofgesat a sech souverän d'Victoire geséchert. Den Dän Mattias Skjelmose ass deen Zweete ginn an de Spuenier Mikel Landa ass als Drëtten ukomm.
De Kevin Geniets gëtt den op 124. op 8 Minutten a 4 Sekonnen.
1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 4:27:53
2 SKJELMOSE Mattias Trek - Segafredo ,,
3 LANDA Mikel Bahrain - Victorious ,,
4 WOODS Michael Israel - Premier Tech 0:03
5 CICCONE Giulio Trek - Segafredo ,,
6 LAFAY Victor Cofidis ,,
7 BENOOT Tiesj Jumbo-Visma ,,
8 VAN GILS Maxim Lotto Dstny ,,
9 BARDET Romain Team DSM ,,
10 BARGUIL Warren Team Arkéa Samsic ,,
Demi Vollering wënnt bei den Dammen
Bei den Dammen huet sech no 127 Kilometer uewen aus op der Mur de Huy d'Hollännerin Demi Vollering d'Victoire geséchert. Mat engem Réckstand vu 5 Sekonnen ass d'Liane Lippert aus Däitschland als Zweet ukomm. D'Gaia Realini aus Italien huet mat engem Retard vu 7 Sekonnen de Podium komplettéiert.
1 VOLLERING Demi Team SD Worx 3:29:25
2 LIPPERT Liane Movistar Team 0:05
3 REALINI Gaia Trek - Segafredo 0:07
4 GARCÍA Mavi Liv Racing TeqFind 0:10
5 MUZIC Évita FDJ - SUEZ ,,
6 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step ,,
7 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
8 PERSICO Silvia UAE Team ADQ 0:16
9 CHABBEY Elise Canyon//SRAM Racing ,,
10 KASTELIJN Yara Fenix-Deceuninck ,,

© AFP