Giro d'Italia
Out fir de Remco Evenepoel no positivem Coronatest

© AFP
De Belsch war e Sonndeg op der 9. Etapp nees an de Maglia Rosa gefuer.
Batteren Dag fir de Remco Evenepoel. Fir de Belsch ass den Giro d'Italia eriwwer. De grousse Favorit op d'Schlussvictoire gouf e Sonndeg den Owend no senger Victoire am Zäitfueren op der 9. Etapp positiv op de Coronavirus getest a muss dowéinst opginn.
D'Ekipp Soudal-Quick-Step an den Evenepoel selwer hunn den Out an engem Statement op de Soziale Medie confirméiert.
De Belsch war e Sonndeg nach an de Maglia Rosa gefuer. Neie Leader ass elo den Geraint Thomas.
Am meeschte gelies