Op der zwielefter Etapp vum Giro d'Italia ass et en Donneschdeg iwwer 185 Kilometer vu Bra op Rivoli gaangen.

Dobäi konnt sech den Däitschen Nico Denz als Gewënner duerchsetzen. Den Zweete gëtt den Toms Skujins aus Lettland, dee mat der nämmlechter Zäit iwwert de wäisse Stréch gefuer ass, wéi de Gewënner. Komplettéiert gëtt de Podium vum Australier Sebastian Berwick, dee mat dräi Sekonne Retard op der Ligne d'Arrivée ukomm ass.

Als beschte Lëtzebuerger kënnt de Bob Jungels mat engem Retard vun iwwer 8 Minutten op déi 48. Plaz. De Michel Ries gëtt den 79. an den Alex Kirsch den 105.

Leader am General bleift de Britt Geraint Thomas.

De Bob Jungels ass den 41. De Michel Ries bléift op der 71. Plaz an den Alex Kirsch verbessert sech ëm zwou Positiounen op déi 105. Plaz am General.

D'Klassement vun der Etapp

1 DENZ Nico 4:18:11
2 SKUJIŅŠ Toms ,,
3 BERWICK Sebastian 0:03
4 TONELLI Alessandro 0:58
5 FRIGO Marco 2:07
6 VAN WILDER Ilan 2:20
7 BETTIOL Alberto ,,
8 SCARONI Christian ,,
9 HESSMANN Michel ,,
10 BAUDIN Alex ,,
...
48 JUNGELS Bob 8:19
79 RIES Michel 15:48
105 KIRSCH Alex 20:44

De General

1 THOMAS Geraint 49:02:05
2 ROGLIČ Primož 0:02
3 ALMEIDA João 0:22
4 LEKNESSUND Andreas 0:35
5 CARUSO Damiano 1:28
6 KÄMNA Lennard 1:52
7 DUNBAR Eddie 2:32
8 ARENSMAN Thymen ,,
9 DE PLUS Laurens 2:36
10 PARET-PEINTRE Aurélien 2:48
...
43 JUNGELS Bob 34:37
71 RIES Michel 1:15:27
105 KIRSCH Alex 1:51:11