Den Noa Berton iwwerrascht seng Konkurrenz

© ŠKODA Cross Cup (Facebook)
Um Sonndeg war et déi 3. Manche vum Skoda Cross Cup, dëst Kéier zu Munneref.
Beim Skoda Cross Cup zu Munneref feiert bei der Elite/Espoirs de Noa Berton vum CT Atertdall eng Victoire. Den Espoir hat op der Arrivée e Virsprong vun 13 bezéiungsweis 16 Sekonnen op déi zwee Elite Coureure Ken Conter an Théo Jung. Op der 4. Plaz klasséiert sech de Fynn Ury.
Bei den Damme war d'Isabelle Klein dat Séierst. Op d'Plazen 2 an 3 klasséieren sech Gewn Nothum an d'Marie Zeimeth.
Den Thomas Auduc gewënnt d'Course iwwer 14,70 Kilometer bei de Junioren, virum Yannis Lang an dem Lennox Papi. Bei de Masters ka sech den Tommy Arnoldy virum Marc Indergand an dem Frédéric Liebaut duerchsetzen.
Gewënner bei den Debutanten ass de Maximilien Outlet, virum Yanis Molter an dem Dawson Fehlen Pereira.