Gewonne gouf d'Weltcup-Course vun der Hollännerin Ceylin Alvarado. Op d'Plazen 2 an 3 sinn d'Puck Pieterse an d'Lucinda Brand gefuer.

D'Marie Schreiber hat op der 6. Plaz e Retard vun enger Minutt a 9 Sekonnen. D'Maité Barthels ass als 48. iwwer d'Arrivée gefuer.

An der U23-Kategorie huet d'Marie Schreiber d'Course fir sech entscheet a stoung op der éischter Plaz. De Podium bei den Espoirinne gouf vum Zoe Backstedt an dem Leonie Bentveld komplettéiert. Béid Fuererinnen haten e Réckstand vu 15 respektiv 24 Sekonnen op déi jonk Lëtzebuergerin.

RTL

© Hugo Barthélemy (FSCL)

D'Course bei den Häre gouf vum Belsch Eli Iserbyt gewonnen. Hien hat 10 Sekonnen Avance op den Hollänner Lars van der Haar an e Virsprong vun enger Minutt a 29 Sekonnen op de Joris Nieuwenhuis op der 3. Plaz.

Bei der U23 gouf de Noa Berton den 33.. Hien ass 6 Minutten a 34 Sekonnen hannert dem Tibor del Grosso iwwer de wäisse Stréch gefuer.

De Rick Meyländer koum bei de Junioren op déi 32. Plaz mat engem Retard vun 3 Minutten an 41 Sekonnen op de Vainqueur Stefano Viezzi aus Italien. De Yannis Lang an de Lennox Papi hu sech op der 45. a 46. Plaz klasséiert. Si si méi wéi 8 Minutten hannert dem Gewënner ukomm.