Och d'Nowuestalenter koume bei dëser Editioun nees zum Zuch.

Beim regionale Cyclocross zu Schëffleng hat den Hugo Boulanger aus Frankräich déi séierst Been. Op déi zweet Plaz ass mam Gauthier Rouxel e weidere Fransous gefuer. De Mats Wenzel konnt am leschten Tour nach laanscht de Ken Conter fueren a séchert sech sou déi drëtt Plaz.

De Ken Conter war am Ufank op engem schmieregen an technesche Parcours gutt fortkomm a war a Gesellschaft vun de Fransousen Hugo Boulanger a Gauthier Rouxel. Hannendrun huet de Mathieu Kockelmann op sech opmierksam gemaach. Am Laf vun der Course huet sech erausgestallt, dass kee Wee laanscht de Boulanger géif féieren. De Fransous aus dem Hettenger Veräin hat méi Kraaft wéi déi aner an ass senge Kontrahente fortgefuer.

Bei den Damme gouf et eng Victoire fir d'Isabelle Klein, bei de Juniore war de Jonah Flammang de Séiersten. D'Masters-Course huet den Tommy Arnoldy dominéiert a bei den Debutanten huet de Ben Koenig gewonnen.