Marie Schreiber op Plaz 8, van der Poel verléiert Nerven

© Jacques Joseph / RTL
E Samschdeg ass zu Hulst an Holland déi 11. Manche vum Cyclocross-Weltcup gefuer ginn.
D'Marie Schreiber ass op déi 8. Plaz gefuer. Si hat e Réckstand vun 2 Minutten an 23 Sekonnen op d'Gewënnerin Puck Pieterse aus Holland. Si war vun Ufank un un der Spëtzt.
Direkt hannert dem Pieterse hu sech véier weider Hollännerinne klasséiert. Et sinn dat d'Ceylin Alvarado op 6 Sekonnen, d'Lucinda Brand op 12 Sekonnen an d'Fem van Empel op 16 Sekonnen.
Am Klassement vun den U23-Dammen ass et fir d'Marie Schreiber déi zweet Plaz. Gewonnen huet d'Hollännerin Leonie Bentveld. Béid Sportlerinnen hu 25 Sekonne getrennt.

© Jacques Joseph / RTL
Mam Liv Wenzel war eng weider Lëtzebuerger Damm um Depart. Si ass an der Course op een Tour ukomm.
Mathieu van der Poel verléiert Nerven
Bei den Hären huet sech de Mathieu van der Poel déi nächst Victoire geséchert. Den Hollänner huet bei senger Victoire awer kuerz virum Zil d'Nerve verluer. Nodeems Spectateuren hie wärend der Course ëmmer nees beleidegt an ausgepaff haten, huet de Weltmeeschter op si gespaut. No der Course huet de van der Poel op X ee Post gedeelt, an deem ee Spectateur erkläert, de Gewënner wier virdrun an der Course mat Béier an Urin besprëtzt ginn.
Konsequenzen a Form vun enger Strof gouf et fir den 28 Joer ale Coureur (bis ewell)
net. De van der Poel huet viru sengen zwee Landsmänner Joris Nieuwenhuis (+0,12 Minuten) a Lars van der Haar (+0,20) gewonnen.
D'Top10 vun den Dammen
1 PIETERSE Puck 51:05
2 ALVARADO Ceylin Del Carmen 0:06
3 BRAND Lucinda 0:12
4 VAN EMPEL Fem 0:16
5 CASASOLA Sara 1:58
6 BENTVELD Leonie ''
7 VAS Blanka Kata 2:09
8 SCHREIBER Marie 2:23
9 WORST Annemarie 2:26
10 ZEMANOVÁ Kristyna 2:35
D'Top10 vun den Hären
1 VAN DER POEL Mathieu 59:52
2 NIEUWENHUIS Joris 0:12
3 VAN DER HAAR Lars 0:20
4 RONHAAR Pim 0:30
5 VAN AERT Wout 0:43
6 SWEECK Laurens 0:53
7 VANDEPUTTE Niels 0:58
8 KAMP Ryan 1:04
9 VANTHOURENHOUT Michael 1:15
10 DEL GROSSO Tibor 1:25