Et goung iwwer 185 Kilometer vu Saint-Raphaël op Mont Faron.

Op der Classic VAR, enger Een-Dages-Course a Frankräich, gouf et eng Victoire vum Fransous Lenny Martinez. Hien huet sech virum Norweger Tobias Johannessen a sengem Landsmann Romain Bardet behaapt.

Déi lescht Metere waren allerdéngs kuriéis. De Johannessen hat ze fréi ugefaange mat feieren, sou datt de Martinez nach kuerz virum Zilstréch konnt laanscht hie fueren.

De Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets ass mat engem Retard vu ronn 4 Minutten als 37. iwwert d'Arrivée gefuer. Hie war am 15 Mann staarke Spëtzegrupp an d'Schlussmontée gaangen, hat awer eng 4 Kilometer virun der Arrivée misse lassloossen a war et du méi roueg ugaangen.

De Mats Wenzel huet no enger Chute missen opginn.

D'Klassement

1 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 4:09:43
2 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Mobility ,,
3 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL ,,
4 WOODS Michael Israel - Premier Tech 0:01
5 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:10
6 GAUDU David Groupama - FDJ 0:17
7 TRONCHON Bastien Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:28
8 VERMAERKE Kevin Team dsm-firmenich PostNL ,,
9 DALBY Simon Uno-X Mobility ,,
10 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 0:41
...
37 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 4:07
DNF WENZEL Mats Lidl - Trek Future Racing -