Victoire fir de Marc Hirschi, Kevin Geniets an den Top 20

© AFP (ARCHIV)
De Gewënner vum Tour de Lëtzebuerg Marc Hirchi ka sech um Sonndeg d'Victoire beim Faun Drome Classic virum Juan Ayuso an dem Maxim van Gils sécheren.
Bei der 12. Oplag vum Faun Drome Classic ass et e Sonndeg iwwer 189 Kilometer vun der Etoile-sur-Rhone op Etoile-sur-Rhone gaangen. Aus Lëtzebuerger Siicht stounge mam Kevin Geniets (Groupama-FDJ) an dem Michel Ries (Arkéa - B&B Hotels) och zwee Lëtzebuerger um Depart.
Eng Ronn 10 Kilometer virun der Arrivée huet de Marc Hirschi aus engem Spëtzegrupp eraus attackéiert. Ronn 2 Kilometer viru Schluss hat de Schwäizer e Virsprong vun 10 Sekonnen. Op deene leschten 2 schwéiere Kilometer, déi nawell ferm bierg op goungen, konnt kee mei de Fuerer vun UAE Emirates iwwerhuelen sou dass den Hirschi nom Tour de Lëtzebuerg nees konnt eng Course fir sech entscheeden.
Op déi 2. Plaz fiert de Spuenier a Teamkolleeg vum Hirschi de Juan Ayuso. Déi drëtte Plaz ass fir de Belsch vu Lotto Dstny Maxim van Gils.
De Kevin Geniets klasséiert sech op der Plaz 16. De Coureur vu Groupama-FDJ hat op der Arrivée e Réckstand vun 1 Minutt an 28 Sekonnen. De Michel Ries fiert mat engem Réckstand vun 11 Minutten a 19 Sekonnen op déi 58. Plaz.
D'Top 10
1 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates 4:41:28
2 AYUSO Juan UAE Team Emirates 0:05
3 VAN GILS Maxim Lotto Dstny 0:08
4 BARGUIL Warren Team dsm-firmenich PostNL 0:12
5 SKJELMOSE Mattias Lidl – Trek 0:15
6 TRONCHON Bastien Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:25
7 LAPEIRA Paul Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:05
8 STRONG Corbin Israel - Premier Tech 1:07
9 COSNEFROY Benoît Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:21
10 GODON Dorian Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:21
16 GENIETS Kevin Groupama-FDJ 1:28
58 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 11:19