Op der 4. Etapp vu Paris-Nice ass et iwwer hiwweleg 183 Kilometer vu Chalon-sur-Saône erop op de Mont Brouilly gaangen.

De Kolumbianer Santiago Buitrago huet e Mëttwoch déi 4. Etapp vu Paris-Nice en solitaire gewonnen. Hien huet sech uewenaus um Mont Brouilly mat enger Avance vun 10 Sekonne virum Australier Luke Plapp behaapt. Als Drëtten ass den Dän Mattias Skjelmose op 37 Sekonnen ukomm.

De Remco Evenepoel als Véierten huet dem Primoz Roglic zwou Sekonnen ofgeholl. De Roglic ass 7. ginn.

De Mann am Maillot Jaune Brandon McNulty huet als 10. 46 Sekonne verluer. Dat ass net duergaangen, fir de Leadertrikot ze behalen. Neie Leader ass de Luke Plapp. Hien huet eng Avance vun 13 Sekonnen op de Buitrago.

Déi dräi Lëtzebuerger Bob Jungels, dee vill fir seng Ekipp vir am Peloton geschafft huet, Kevin Geniets an Arthur Kluckers sinn zesummen op 14 Minutten an 2 Sekonnen ukomm. Am General ass de Kevin Geniets als beschte Lëtzebuerger op Plaz 50.

De Replay vun de ganzen Etappe fannt Dir um RTL Play.

D'Klassement vun der Etapp

1 BUITRAGO Santiag Bahrain - Victorious 4:25:52
2 PLAPP Luke Team Jayco AlUla 0:10
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:37
4 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step ,,
5 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 0:39
6 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
7 ROGLIČ Primož BORA - hansgrohe ,,
8 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
9 TEJADA Harold Astana Qazaqstan Team 0:43
10 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 0:46
...
48 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 14:02
52 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
53 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team ,,

De General

1 PLAPP Luke Team Jayco AlUla 10 13:15:04
2 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious 0:13
3 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 0:27
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:29
5 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 0:30
6 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 0:40
7 HARPER Chris Team Jayco AlUla 0:46
8 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:52
9 URÁN Rigoberto EF Education - EasyPost 0:54
10 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 1:02
...
50 Geniets Kevin Groupama - FDJ 15:09
60 Jungels Bob BORA - hansgrohe 19:06
76 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team 22:38