Christine Majerus 12. bei Wiebes-Victoire

© Getty Images (Archiv)
D'Coequipière vum Christine Majerus huet sech virun hirer Landsfra Thalita de Jong behaapt.
E Mëttwoch gouf déi 4. Editioun vum GP Oetingen gefuer. No 119 Kilometer huet sech d'Lorena Wiebes aus engem klenge Grupp eraus d'Victoire geséchert. Si huet sech am Sprint virum Thalita de Jong am de Josie Nelson behaapt.
D'Christine Majerus hat als 12. e Retard vu 24 Sekonnen. D’Lëtzebuerger Championne war am Spëtzegrupp vertrueden an huet fir déi spéider Gewënnerin Wiebes geschafft. D'Liv Wenzel ass d'Eendagescourse net op en Enn gefuer.
D'Klassement
1 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 3:03:25
2 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies ,,
3 NELSON Josie Team dsm-firmenich PostNL ,,
4 CONFALONIERI Maria Giulia Uno-X Mobility ,,
5 BERG EDSETH Marte Uno-X Mobility 0:05
6 ANDERSON Solbjørk Minke Uno-X Mobility 0:11
7 BUJAK Eugenia UAE Team ADQ 0:12
8 REIJNHOUT Rosita Team Visma | Lease a Bike 0:13
9 SMULDERS Silke Liv AlUla Jayco Women's Continental Team 0:15
10 RIEDMANN Linda Team Visma | Lease a Bike 0:24
...
12 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,