Weider Victoire am Sprint fir den Olav Kooij
Op der 5. Etapp vu Paris-Nice ass et iwwer 193,5 Kilometer vu Saint-Sauveur-de-Montagut op Sisteron gaangen.
Et war eng Etapp, déi, wat se méi laang ginn ass, ëmmer méi animéiert ginn ass. Ronn 10 Kilometer viru Schluss konnt d'Echappée vum Dag ageholl ginn an an der Suite gouf et eng Partie Konterattacke vun de Klassementsfuerer. Keen ass awer richteg fortkomm, esou datt et um Enn awer zu engem Massesprint komm ass.
An hei war et den Olav Kooij, deen déi beschte Been hat. Den Hollänner huet no der 1. Etapp elo also och déi 5. Etapp gewonnen. D'Plazen 2 an 3 ware fir de Mads Pedersen an de Pascal Ackermann. De Bob Jungels ass als bescht Lëtzebuerger den 33. ginn an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner.
Am General bleift vir alles beim Alen. Deemno bleift de Luke Plapp a Giel, dat mat 13 Sekonnen Avance op de Santiago Buitrago a 27 Sekonnen op de Brandon McNulty. Hei ass de Kevin Geniets als 46. de beschte Lëtzebuerger op 15 Minutten a 6 Sekonnen.
D'Klassement vun der Etapp
1 KOOIJ Olav Team Visma | Lease a Bike 4:23:44
2 PEDERSEN Mads Lidl - Trek ,,
3 ACKERMANN Pascal Israel - Premier Tech ,,
4 BENNETT Sam Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
5 VAN POPPEL Danny BORA - hansgrohe ,,
6 ANDRESEN Tobias Lund Team dsm-firmenich PostNL ,,
7 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team ,,
8 PITHIE Laurence Groupama - FDJ ,,
9 MIHKELS Madis Intermarché - Wanty ,,
10 RAJOVIĆ Dušan Bahrain - Victorious ,,
...
33 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe ,,
86 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
139 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 6:00
De General
1 PLAPP Luke Team Jayco AlUla 10 13:15:04
2 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious 0:13
3 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 0:27
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:29
5 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 0:30
6 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 0:40
7 HARPER Chris Team Jayco AlUla 0:46
8 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:52
9 URÁN Rigoberto EF Education - EasyPost 0:54
10 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 1:02
...
46 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 15:09
59 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 19:06
98 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 28:38