De Mathieu van der Poel wënnt déi 121. Editioun en solitaire

© AFP
Mat engem impressionante Solo iwwer 60 Kilometer huet hie sech d'Victoire geséchert. D'Plazen 2 an 3 sinn u Jasper Philipsen a Mads Pedersen gaangen.
Bei den Dammen hat e Samschdeg d'Lotte Kopecky gewonnen. D'Christine Majerus hat e schlechten Dag erwëscht, ma konnt sech no der Course iwwert d'Victoire vun hirer Coequipière freeën.
Op der 121. Editioun vun dësem Klassiker ass et fir d'Coureuren iwwer 260 Kilometer an 29 Pawee-Secteure vu Compiègne op Roubaix gaangen.
Et war vun Ufank un eng Course mat ganz héijem Tempo, soudass et keng Echappée gouf an och de Peloton un der Spëtzt schonn 120 Kilometer viru Schluss relativ kleng war. D'Course war vu ville Materialproblemer gepräägt, ënner anerem de Jasper Philipsen an de Mads Pedersen sinn dowéinst tëschenzäitlech aus dem Spëtzegrupp zréckgefall.
Gutt 86 Kilometer virun der Arrivée konnten den Nils Politt, de Stefan Küng an den Gianni Vermeersch sech ofsetzen a bannent e puer Kilometer eng Avance vu knapp 40 Sekonnen erausfueren. Ma fir méi sollt et net duergoen an de Grupp mam Weltmeeschter Mathieu van der Poel konnt si kuerz drop nees afänken, wouropshin den Tempo déi éischt Kéier e wéineg rausgeholl gouf.
Eng 60 Kilometer viru Schluss war et dunn de Favorit van der Poel, deen um 13. Pawee-Secteur Orchies attackéiert huet a vun do un eleng ënnerwee war. 10 Kilometer drop louch d'Avance vum Weltmeeschter scho bei iwwert enger Minutt, an dëse Virsprong sollt an der Suite just nach ausgebaut ginn.
Géint den Hollänner war deemno op en Neits kee Kraut gewuess, soudass hien eng schwéier Course um Enn souverän mat enger Avance vun 3 Minutte fir sech entscheede konnt. De van der Poel kann domat säin Titel aus dem Virjoer verdeedegen a Paris-Roubaix fir déi zweete Kéier gewannen. No him sinn säi Coequipier Jasper Philipsen, de Mads Pedersen an den Nils Politt iwwer d'Zillinn gefuer.
Déi ganz Course kënnt Dir op RTL Play am Replay kucken.
D'Top 10 am Iwwerbléck
1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck 5:25:58
2 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck +3:00
3 PEDERSEN Mads Lidl - Trek "
4 POLITT Nils UAE Team Emirates "
5 KÜNG Stefan Groupama - FDJ +3:15
6 VERMEERSCH Gianni Alpecin - Deceuninck +3:47
7 PITHIE Laurence Groupama - FDJ +3:48
8 VAN DIJKE Tim Team Visma | Lease a Bike +4:45
9 MEEUS Jordi BORA - hansgrohe +4:47
10 WÆRENSKJOLD Søren Uno-X Mobility "
An der Kategorie vun den Espoiren konnt den Däitschen Tim Teutenberg iwwer knapp 164 Kilometer ee Succès feieren. De Mathieu Kockelmann huet et mat engem Retard vun 3 Minutten a 56 Sekonnen op déi 30. Plaz gepackt, de Mil Morang konnt sech als 56. klasséieren (+9:41).
Bei de Juniore gouf et iwwerdeems iwwer 111 Kilometer eng Victoire fir de Jakob Omrzel. De Flavio Astolfi ass mat engem Retard vun 11 Minutten an 21 Sekonnen op déi 71. Plaz komm, wärend de Lenn Schmitz, den Arnaud Noirhomme an de Lennox Papi d'Course net op en Enn gefuer sinn. De Jonah Flammang-Lies ass mat enger Rei anere Cyclisten ausserhalb vum Zäitlimitt ukomm.