Fir de belsche Coureur sollt et den éischte groussen Tour als Leader vun enger Ekipp ginn.

De Wout van Aert fiert den d'Giro d'Italia net, dat huet de Coureur en Donneschdeg op X annoncéiert. De Belsch war Enn Mäerz beim Semi-Klassiker "À Travers la Flandre" gefall. An déi Chute war och de Lëtzebuerger Alex Kirsch verwéckelt.

De Wout van Aert hat sech ënnert anerem d'Schlësselbeen an e puer Rëpper gebrach.