Stroossesaison 2024
D'Christine Majerus zitt e positive Bilan bis elo

© AFP (Archiv)
Fir d'Christine Majerus ass dës Saison déi lescht an hirer Karriär.
Ofgesi vum Festival Elsy Jacobs, Enn vum Mount, huet d'Coureuse den éischten Deel fir dëst Joer elo schonn hannert sech bruecht.
Am RTL-Interview zitt d'Christine Majerus e Bilan: Engersäits dee vun hirer Ekipp, mat där een dës Saison scho vill Course gewanne konnt, anersäits awer och ee perséinlechen, an deem d'Christine Majerus mat hirer perséinlecher Leeschtung zu 99 Prozent zefridden ass.
Si schwätzt och iwwer d'Enttäuschung bei Paris-Roubaix, wou et net esou gelaf ass, wéi d'Christine Majerus sech dat bei der leschter Participatioun an der "Enfer du Nord" erhofft hat.
RTL-Interview mam Christine Majerus
Am meeschte gelies