Däitsche Louis Grupp gewënnt déi 8. Editioun
Am Vëlossport gouf e Sonndeg zu Schuller déi 8. Editioun vum Grand Prix Bob Jungels gefuer.
Dës international Course fir Junioren ass iwwer d'Grenzen eraus bekannt a lackelt ëmmer nees gutt Ekippen op Lëtzebuerg.
De 6. August 2010 zu Offida an Italien. De Bob Jungels gewënnt als Junior de Weltmeeschtertitel am Zäitfueren. D'Nowuessaarbecht vun der Federatioun an dem Dippecher Veräin huet seng Friichte gedroen. Och déi Joren dono huet d'UC Dippech Weeër gesicht, fir jonke Sportler eng gutt Ausbildung ze bidden.
Doraus ass 2016 de Grand Prix Bob Jungels entstanen. Et ass schonn impressionant, wann een e grousse Peloton mat jonke Sportler tëscht 16 an 18 Joer mat 41 Moyennen iwwer e selektive Parcours fuere gesäit. Ronn 120 Kilometer haten déi 160 Coureuren ze fueren. Um Enn vun den 8 Tier gouf et eng Victoire fir de Louis Grupp. Den Däitschen hat sech am Sprint aus enger Echappée eraus duerchgesat. Als éischte Lëtzebuerger konnt sech de Yannis Lang als 38. klasséieren.
Et ass ze bemierken, datt déi 10 Lëtzebuerger um Depart Juniore vum éischte Joer sinn an nach Zäit brauchen, fir sech dem héijen Niveau unzepassen. D'Organisatioun vun esou engem Evenement brauch vill Virbereedung a Fräiwëlleger. Iwwer de Weekend ewech hat den Dippecher Veräi Coursse fir Kanner vu 6 Joer u bis bei d'Masters organiséiert.
Nach ass et fréi, fir ze soen, wie vun deene Coureuren, déi de Weekend am Asaz waren, de Wee vum Bob Jungels aschléit. Een oder deen anere war e Sonndeg awer sécher drënner.