Jonathan Milan wënnt dës Etapp am Massesprint

© AFP
Den Italiener Jonathan Milan konnt sech géint den Australier Kaden Groves duerchsetzen, den Tadej Pogačar behält d'Féierung am Generalklassement.
En Dënschdeg de Mëtteg ass et an der 4. Etapp vun der 107. Editioun vum Giro d'Italia iwwer 190 Kilometer vun Aqui Terme bis op Andora gaangen. Béid Uertschaften hunn an der Geschicht vum Giro d'Italia net wierklech eng Roll gespillt. Andorra ass ganz nei am Programm, Acqui Terme war jeeweils zweemol Depart an Arrivée, fir d'lescht allerdéngs viru bal 70 Joer.
De 26 Joer ale Lëtzebuerger Michel Ries ass als 101. am Peloton iwwert d'Arrivée gefuer.
Am Generalklassement bleift de Slowen Tadej Pogačar am Rosa Maillot vum Leader, dat 46 Sekonne virum Britt Thomas Geraint. Hei ass de Michel Ries de 37. op 7 Minutten a 34 Sekonnen.
D'Klassement vun der véierter Etapp
1 MILAN Jonathan 4:16:03
2 GROVES Kaden ,,
3 BAUHAUS Phil ,,
4 KOOIJ Olav ,,
5 MERLIER Tim ,,
6 BALLERINI Davide ,,
7 GAVIRIA Fernando ,,
8 ZANONCELLO Enrico ,,
9 MIHKELS Madis ,,
10 LONARDI Giovanni ,,
...
101 RIES Michel ,,
D'Generalklassement
1 POGAČAR Tadej 15:19:05
2 THOMAS Geraint 0:46
3 MARTÍNEZ Daniel Felipe 0:47
4 UIJTDEBROEKS Cian 0:55
5 RUBIO Einer 0:56
6 FORTUNATO Lorenzo 1:07
7 LÓPEZ Juan Pedro 1:11
8 HIRT Jan 1:13
9 LUTSENKO Alexey 1:26
10 CHAVES Esteban ,,
...
37 RIES Michel 7:34