Den Dréier vum Maglia Rosa huet eng weider Etapp fir sech entscheet an den Nairo Quintana op de leschte Meter ofgehaangen.

Den Tadej Pogacar, de Leader am General, hat sech laang am Peloton verstoppt, mee op de leschten 30 Kilometer, an der Montée op de Passo di Foscagna, huet hie seng Ophueljuegd gestart. Een nom aneren huet de Sloween d'Coureuren aus der Echappée iwwerholl, fir no 222 Kilometer um Mottolino, bei Livigno, als Éischten iwwer de Wäisse Stréch ze fueren. Déi zweet Plaz war fir den Nairo Quintana. De Kolumbianer war an enger Echappée, déi sech fréi vum Peloton ofgesat hat. Als Leschten aus där Echappée ass de Quintana als Éischten iwwer de Passo di Foscagna gefuer, éier de Pogacar hien zwee Kilometer virun der Arrivée iwwerholl huet. Den Däitsche Georg Steinhauser gouf Drëtten.

Den Tadej Pogacar bleift no dëser Victoire weiderhin Leader am Gesamtklassement an huet elo 6'41'' Virsprong op de Geraint Thomas.

De Michel Ries war och an der Echappée ronderëm den Nairo Quintana. An der Montée op de Passo di Foscagno, dem zweetleschte Bierg, huet de Lëtzebuerger awer mussen ofrappe loossen an ass mat engem Retard vu knapp 14 Minutten als 28. an d'Zil komm.  Am Gesamtklassement ass de Coureur vun Arkéa och op der 28. Plaz.

D'Klassement vun der Etapp

1 POGAČAR Tadej 6:11:43
2 QUINTANA Nairo 0:29
3 STEINHAUSER Georg 2:32
4 BARDET Romain 2:47
5 MARTÍNEZ Daniel Felipe 2:50
6 THOMAS Geraint  ,,
7 RUBIO Einer 2:58
8 O'CONNOR Ben ,,
9 ARENSMAN Thymen 3:05
10 HIRT Jan 3:20 
...
28 RIES Michel 13:53

D'Generalklassement

1 POGAČAR Tadej 56:11:46
2 THOMAS Geraint 6:41
3 MARTÍNEZ Daniel Felipe 6:56
4 O'CONNOR Ben 7:43
5 TIBERI Antonio 9:26
6 ARENSMAN Thymen 9:45
7 BARDET Romain 10:49
8 ZANA Filippo 11:11
9 RUBIO Einer 12:13
10 HIRT Jan 13:11
...
28 RIES Michel 52:20