Et rullt beim Ralph Diseviscourt
Zanter e Samschdeg de Mëtteg leeft d'Race Around Poland. Ze fuere sinn 3.600 Kilometer an 32.000 Héichtemeter.
Mam Ralph Diseviscourt ass dëst Joer ee Lëtzebuerger bei de Race Around Polen am Asaz. E Samschdeg de Mëtteg huet hien zu Warschau den Depart geholl. Zanterhier sëtzt hie bis op kleng Pause fir ënnert anerem ze iessen Non-Stop um Vëlo.
Déi éischt puer Honnert Kilometer vun den am Ganzen 3.600 Kilometer, déi ze fuere sinn, ware flaach an hunn den Ultracycliste an der Nuecht op e Sonndeg laanscht d'Grenz mat der Ukrain gefouert. Duerno ass et du Richtung Grenz mat der Slowakei gaangen. Hei ass elo den Terrain méi usprochsvoll ginn an et geet zanterhier an nach bis ca Kilometer 1800 ëmmer nees biergop a biergof.

Bei Temperaturen ëm déi 30 Grad deet eng kleng Ofkillung gutt. / © Team Dizzy
Bannent 24 Stonnen ass de Ralph Diseviscourt ronn 715 Kilometer gefuer.
Am Klassement läit de Lëtzebuerger den Ament op der drëtter Plaz. Un der Spëtzt läit de Philipp Kaider. Zweeten ass de Rainer Steinberger. De Ralph Diseviscourt huet op d'Plazen 1 an 2 ronn 40 respektiv 13 Kilometer Réckstand.
Opgrond vun der laanger Distanz, déi nach an der Race Around Poland ze fuere bleift, géing elo awer nach jidderee säin eegenen Tempo fueren an och d'Pausen esou maache wéi et passt an et géing nach net op d'Konkurrenz gekuckt ginn, sou de Luc Diseviscourt, deen als Betreier wärend der Course mat dobäi ass.
Hei kënnt Dir suivéieren, wou de Ralph Diseviscourt an der Course drun ass.

Och d'Membere vum Team Dizzy musse sech emol ausrouen. / © Team Dizzy