Iwwer 194 Kilometer ass et fir d'Coureure vu Cascais op Ourém gaangen.

Op der 2. Etapp vun der Vuelta konnt sech e Sonndeg de Kaden Groves am Sprint d'Victoire vum Dag sécheren.

Enger méiglecher Echappée gouf keng Chance gelooss. Och de Kevin Geniets hat et mat enger Attack raus aus dem Peloton probéiert, dat awer ouni Succès. Op der Arrivée ass et domat zu engem Sprint komm, bei deem de Kaden Groves um Enn nach déi meeschte Kraaft an de Been iwwreg hat. Hien huet sech virum Wout van Aert an dem Corbin Strong duerchgesat.

Am General iwwerhëlt de Wout van Art de Roude Maillot. Hie läit elo 3 Sekonne virum Brandon McNulty.

De Kevin Geniets ass an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner als 62. ukomm. De Michel Ries hat als 119. e Réckstand vu 47 Sekonnen. Am General ass et fir de Geniets déi 139. Plaz op eng Minutt an 28 Sekonnen an de Ries ass den 162. op eng Minutt an 53 Sekonnen.

D'Klassement vun der 2. Etapp

1 GROVES Kaden 5:12:55
2 VAN AERT Wout ,,
3 STRONG Corbin ,,
4 MIQUEL Pau ,,
5 VAN EETVELT Lennert ,,
6 BITTNER Pavel ,,
7 ABERASTURI Jon ,,
8 VLASOV Aleksandr ,,
9 RIVERA Brandon Smith ,,
10 BARONCINI Filippo ,,
...
62 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
119 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 0:47

De General

1 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike 5:25:27
2 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 0:03
3 VACEK Mathias Lidl - Trek 0:05
4 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 0:09
5 AFFINI Edoardo Team Visma | Lease a Bike 0:11
6 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 0:20
7 ARMIRAIL Bruno Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:21
8 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:22
9 OLIVEIRA Nelson Movistar Team 0:23
10 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 0:24
...
139 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:28
162 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 1:53