Kaden Groves setzt sech am Sprint duerch

Op der 17. Etapp goung et iwwer 141,5 Kilometer vun Arnuero op Santander, mat zwou Koppe vun der zweeter Kategorie dotëscht.
De Schlusssprint hat et op dëser Etapp a sech, datt och, well et naass a reenereg zu Santander war. De Kaden Groves hat dunn awer déi beschte Been op der naasser Bunn a konnt sech do duerchsetzen.
Dat e Sprinter d'Etapp wënnt, war fir déi dräi Coureure vun der Echappée wuel schwéier, fir nozekucken, well si just e puer Kilometer virun der Arrivée agefaange goufen. D'Sprinterekippen haten am Feld den Tempo eropgeschrauft, fir si kuerz virum Zil anzefänken, wat hinnen och gelongen ass. Doduerch ass d'Feld och e bëssen auserneegebrach a verschidde Coureuren hu missten eng 25 Kilometer virun der Arrivée lassloossen.
D'Echappée hat sech ronn 10 Kilometer nom Depart mat véier Leit ofgesat an dräi vun hinnen haten et eppes iwwer 125 Kilometer un der Spëtzt ausgehalen. Zum Schluss war et awer d'Victoire fir de Kaden Groves.
Am General bleift alles beim Alen. De Ben O’Connor bléift am Leader Maillot an huet nach 5 Sekonnen Avance op den Primoz Roglic. Den Enric Mas ass Drëtten op 1 Minutt an 25 Sekonnen.
D'Top 10 vun der Etapp
1 GROVES Kaden Alpecin - Deceuninck 3:32:14
2 BITTNER Pavel Team dsm-firmenich PostNL ,,
3 BRAET Vito Intermarché - Wanty ,,
4 MIQUEL Pau Equipo Kern Pharma ,,
5 STRONG Corbin Israel - Premier Tech ,,
6 CAMPENAERTS Victor Lotto Dstny m,,
7 PLANCKAERT Edward Alpecin - Deceuninck ,,
8 LE BERRE Mathis mArkéa - B&B Hotels ,,
9 LIVYNS Arjen Lotto Dstny ,,
10 BERASATEGI Xabier Euskaltel - Euskadi ,,
D'Generalklassement no der Etapp
1 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 68:41:14
2 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 0:05
3 MAS Enric Movistar Team 1:25
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 1:46
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 2:18
6 GAUDU David Groupama - FDJ 3:48
7 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 3:53
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 4:00
9 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 4:27
10 SIVAKOV Pavel UAE Team Emirates 5:19