D'Christine Majerus ka sech mam Lotte Kopecky iwwer d'Schlussvictoire freeën

© Arne Mill / T.RF Sportmarketing (Archiv)
No dräi Etappen ass e Sonndeg den Tour de Romandie op en Enn gaangen.
Op der drëtter a leschter Etapp vum Tour de Romandie ass et e Sonndeg iwwer 144 Kilometer vu Morges op Morges gaangen. Um Enn huet sech d'Hollännerin Riejanne Markus d'Victoire am Sprint virum Niamh Fisher-Black aus Neiséiland geséchert. Am Sprint ëm déi drëtte Plaz huet sech d'Lotte Kopecky duerchgesat. D'Coureuse aus der Belsch huet sech och d'Schlussvictoire geséchert.
D'Kopecky huet um Enn am General eng Avance vu sechs Sekonnen op hir Coequipière Demi Vollering aus Holland. D'Italieenerin Gaia Realini ass déi Drëtt op 46 Sekonne ginn.
Um leschten Dag sinn d'Christine Majerus, déi fir Kopecky a Vollering nees wäertvoll Aarbecht geleescht huet, an d'Nina Berton op 5 Minutten an 33 Sekonnen op de Plaze 34 an 41 ukomm. Am General sinn et d'Plazen 48 an 71.
Op der éischter Etapp e Freideg war d'Christine Majerus laang un der Spëtzt vun der Course a war eréischt zwee Kilometer virun der Arrivée vum Peloton agefaange ginn.
D'Klassement vun der Etapp
1 MARKUS Riejanne Team Visma | Lease a Bike 3:38:44
2 FISHER-BLACK Niamh Team SD Worx - Protime ,,
3 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 0:21
4 RÜEGG Noemi Switzerland ,,
5 GASPARRINI Eleonora Camilla UAE Team ADQ ,,
6 LIPPERT Liane Movistar Team ,,
7 MEIJERING Mareille Movistar Team ,,
8 GÅSKJENN Ingvild Liv AlUla Jayco ,,
9 DE SCHEPPER Lore AG Insurance - Soudal Team ,,
10 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL ,,
...
34 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 5:33
41 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
D'Schlussklassement
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 9:58:21
2 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 0:06
3 REALINI Gaia Lidl - Trek 0:46
4 FISHER-BLACK Niamh Team SD Worx - Protime 0:51
5 GARCÍA Mavi Liv AlUla Jayco 1:05
6 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL 1:10
7 GIGANTE Sarah AG Insurance - Soudal Team 1:22
8 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Team 1:32
9 DE SCHEPPER Lore AG Insurance - Soudal Team 1:38
10 KERBAOL Cédrine CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 1:43
...
48 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 14:54
71 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 35:15