No dräi Wochen ass e Sonndeg zu Madrid d'Vuelta op en Enn gaangen.

De Primoz Roglic vun der Ekipp Red Bull-Bora-hansgrohe huet déi 79. Vuelta gewonnen an domadder seng véiert Schlussvictoire gefeiert.

Dem Sloween ass op der leschter Etapp, engem Zäitfueren iwwer 24,6 Kilometer zu Madrid, déi 2. Plaz duergaangen. Hien hat e Réckstand vun 31 Sekonnen op den Etappe-Gewënner Stefan Küng aus der Schwäiz.

De Roglic hat op der 19. Etapp de Roude Maillot vum Ben O'Connor zeréckeruewert. Den Australier hat dem Sloween op der sechster Etapp de Leader-Trikot ofgeholl.

No den 21 Etappen an 3.265 Kilometer huet de Roglic am General eng Avance vun 2 Minutten a 36 Sekonnen op de Ben O'Connor. Den Enric Mas huet de Podium komplettéiert. Hien huet e Réckstand vun 3 Minutten an 13 Sekonnen.

De 17. August waren zu Lissabon a Portugal och zwee Lëtzebuerger mat un den Depart vun der Vuelta gaangen. De Kevin Geniets an de Michel Ries hunn no gesondheetleche Probleemer fréizäiteg missen opginn.

D'Klassement vun der Etapp

1 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 26.28,37
2 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 0.30,68
3 CATTANEO Mattia Soudal Quick-Step 0.41,90
4 BARONCINI Filippo UAE Team Emirates 0.43,57
5 SCHMID Mauro Team Jayco AlUla 0.46,31
6 VACEK Mathias Lidl - Trek 0.52,08
7 CAMPENAERTS Victor Lotto Dstny 0.54,57
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 1.01,77
9 SWEENY Harry EF Education - EasyPost 1.02,90
10 ARMIRAIL Bruno Decathlon AG2R La Mondiale Team 1.03,31

De General

1 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 81:49:18
2 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 2:36
3 MAS Enric Movistar Team 3:13
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 4:02
5 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 5:49
6 GAUDU David Groupama - FDJ 6:32
7 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 7:05
8 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 8:48
9 SIVAKOV Pavel UAE Team Emirates 10:04
10 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 11:19