Am Vëlossport gëtt e Sonndeg Paris-Tours gefuer
Tëscht Chartres an Tour huet de Peloton bal 214 Kilometer Course ze fueren.
Besonnesch d'Finall duerch d'Wéngerten an op zum Deel schlechte Stroossen suergt dofir, datt de Coureuren nach eemol alles ofverlaangt gëtt.
Am Joer 2022.war den Alex Kirsch bei Paris-Tours op de leschte Kilometer vir a probéiert, iwwer d`Feldweeër duerch d`Wéngerten zesumme mat deenen anere Coureuren an der Echappée eng kleng Avance op de Peloton ze halen.
D'Motivatioun op e gutt Resultat bei dëser prestigiéiser Course war motivant.
De Parcours mécht et méiglech, eng offensiv Course ze fueren. Fréier war Paris - Tours eng Course fir d`Sprinter, zanterhier awer déi schmuel Feldweeër agebaut sinn, fille sech och d`Klassiker-Spezialiste wuel a probéieren, de Sprint vun engem grouss Peloton z`evitéieren.
Lidl-Trek ass fir Paris - Tours gutt opgestallt. Mam Mads Pedersen huet een e grousse Klassiker-Spezialist dobäi.
E Sonndeg kënnt Dir déi vun 15.30 Auer un bei der Finall vu Paris - Tours dobäi sinn. Wéi d'Lëtzebuerger Coureure sech aus der Affär gezunn hunn, misste mer kuerz viru 17 Auer wëssen. Dann ass d'Arrivée an de Stroossen vun Tours virgesinn.